10. International Quiltfestival Luxembourg
Vum 9. bis den 12. Mee 2024 steet elo schonn déi 10. Editioun vum Quitfestival Luxembourg um Programm, déi am Kiischpelt stattfënnt. Fir 4 Deeg verwandele sech déi Kiischpelter Dierfer erëm an eng faarwefrou an lieweg Galerie.
Op Schratt an Tratt, an de Kierchen, a verschiddene Scheieren, an de Gemengesäll oder a Bistroe fannt dir Ausstellungë vu Kënstler aus aller Welt. Donieft gi verschidde Coursen a Workshopen organiséiert an an der flotter Akaafsstrooss zu Wëlwerwolz fannt Dir alles zum Thema Quilt.
Op dësem Site kritt Dir all néideg Informatiounen zu den Ausstellungen an dem Programm.
Mir freeën eis elo schonn Eech op dësem flotten Evenement am Kiischpelt begréissen ze kënnen..