9. International Quiltfestival Luxembourg CANCELLED
Léif Patchworkfrënn,
Wéinst der aktueller globaler Entwécklung vun der COVID-19 (Coronavirus) Situatioun, hu mir beschloss dëst Joer den International Quiltfestival am Kiischpelt (Wëlwerwolz), Lëtzebuerg (21.05.-24.05.2020) ze annuléieren.
D'Gesondheet an d'Sécherheet vun allen Bedeelegten ass ganz wichteg fir eis a mir denken datt et déi bescht Entscheedung ass déi mir kennen treffen opgrond vun den Ëmstänn.
Mir plangen de Quiltfestival op nächste Joer (13.05.- 16.05., 2021) ze verleeën, mir halen Ech op eisem Internetsite an op Facebook um Lafenden.